19.05.2026
Konferenz vun de Parlamentspresidente vun den däitschsproochege Länner
E Dënschdeg huet de Grand-Duc d'Parlamentspresidente vun den däitschsproochege Länner an Audienz am Palais empfaangen, déi op Invitatioun vum Chamberspresident, Claude Wiseler, aktuell am Grand-Duché sinn. Dëst Joer huet Lëtzebuerg op dësen alljärleche Rendez-vous invitéiert, deen ofwiesselnd vun de verschidde Participatiounslänner organiséiert gëtt.
© Maison du Grand-Duc
D'Vertrieder aus Däitschland (Julia Klöckner), Éisträich (Walter Rosenkranz), der Belsch (Patricia Creutz-Vilvoye), Lëtzebuerg (Claude Wiseler), der Schwäiz (Katja Christ) a Liechstenstein (Manfred Kaufmann) hu sech mam Staatschef iwwer déi demokratesch Resilienz, sou wéi d'Situatioun an hire jeeweilege Länner, ënnerhalen.












