14.05.2026
Iwwerreechung vum Internationale Karlspräis un de Prof. Mario Draghi
Fir säin aussergewéinlechen Engagement fir Europa, huet de Professer Mario Draghi dësen Donneschdeg zu Oochen de prestigiéisen "Internationale Karlspräis" iwwerreecht kritt. De Grand-Duc war bei dëser Zeremonie am Gemengenhaus dobäi, an huet symbolesch d'Medail vum Karlspräis gedroen, déi am Joer 1986 un dat Lëtzebuerger Vollek iwwerreecht gi war.
© Stadt Aachen / Jane Kaimer
Bekannt fir säi Rapport "Draghi", huet de fréieren italieenesche Premier Minister a fréiere President vun der Europäescher Zentralbank och eng zentral Roll bei der Stabiliséierung vun der Europäescher Wärungsunioun gespillt, sou wéi bei der Fërderung vun engem méi kompetitiven Europa, zu enger Zäit, an där d'Unioun duerch eng schwéier Kris gaangen ass.
De Staatschef huet dem Prof. Draghi zu dëser Auszeechnung felicitéiert, mat där seng strategesch Wäitsiicht a säi Pragmatismus am Déngscht vun der wirtschaftlecher Stäerkung vun der Europäescher Unioun gewierdegt goufen.
© Stadt Aachen / Harald Krömer












