Direkt op den Haaptinhalt

Schlass Fëschbech

Zanter 2022 als nationalt Kulturierwe klasséiert, stellt sech Schlass Fëschbech haut als architektonescht kohärent Ganzt duer.

D'Schlass Fëschbech

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Am Géigesaz zum groussherzogleche Palais an zu Schlass Bierg gehéiert Schlass Fëschbech net dem Staat. Den Ënnerhalt an d’Renovéierung ginn awer, fir déi Zäit wou d'Schlass als Wunnsëtz vum Ierfgroussherzog, dem Lieutenant-Représentant oder dem fréiere Grand-Duc genotzt gëtt, vum Staat iwwerholl, sou wéi am groussherzoglechen Arrêté vum 9. Oktober 2020 iwwert d’Grënnung vun der Maison du Grand-Duc virgesinn.

Vue op en Deel vun der Fassad vu Schlass Fëschbech

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Haaptentrée vu Schlass Fëschbech

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Photo d'une partie de la façade du Château de Fischbach

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D’ursprénglecht Erscheinungsbild vum Schlass bleift gréisstendeels onbekannt.

D’Origine vu Schlass Fëschbech ginn zeréck bis an d’Héichmëttelalter. Eng éischt Erwähnung vun engem Burghär ëm d’Mëtt vum 11. Joerhonnert attestéiert d’Bestoe vun der Linn vun de Seigneuren vu Fëschbech an der lëtzebuergescher Noblesse. Eng nach méi fréier Occupatioun vum Site, schonn am 9. Joerhonnert, bleift allerdéngs plausibel.

De primitive Kär vum Bau war op engem Fielsvirsprong iwwer dem Dall vun der Wisebaach ugeluecht, eng topographesch Lag, déi fir eng Befestegung besonnesch gënschteg war. Reschter vun defensiven Elementer, nach deelweis am haitege Mauerwierk erhalen, illustréieren dës mëttelalterlech Vergaangenheet. D’ursprénglecht Erscheinungsbild vum Schlass bleift gréisstendeels onbekannt.

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale

1891 ass et an de Besëtz vun der groussherzoglecher Famill iwwergaangen, där et och haut nach gehéiert.

D’Acquisitioun vum Domaine duerch d’Famill de Cassal am Joer 1686 markéiert eng wichteg Etapp an der architektonescher Entwécklung. D’Schlass ass deemools grëndlech ëmgebaut ginn, am Rokoko-Stil, dee vun der Architektur vun der Abtei vun Iechternach beaflosst war. Zu de markantste Verännerunge gehéieren d’Reorganisatioun vun der Haaptfassad an d’Uleeë vun Terrassegäert, déi de representative Charakter nach verstäerkt hunn. D’Verzierung am Stil rocaille gëtt der Ostfassad nach haut eng grouss symbolesch a representativ Bedeitung.

Duerno ass d’Schlass a verschidde Besëtz iwwergaangen, dorënner un d’Famill Collart an un d’Société anonyme des hauts-fourneaux, forges et usines du Luxembourg. Am Joer 1847 huet de Kinnek-Groussherzog Guillaume II. d’Schlass kaf. 1891 ass et an de Besëtz vun der groussherzoglecher Famill iwwergaangen, där et och haut nach gehéiert. 

D'Schlass Fëschbech am Schnéi

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Jochen Herling

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale

Ufanks als Summerresidenz geduecht, ass d’Schlass wärend dem Éischte Weltkrich vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde fir karitativ Zwecker zur Verfügung gestallt ginn. Et huet deemools als Ënnerkonft fir benodeelegt Schoulkanner aus dem Minett gedéngt. No der Krichszäit ass et nees als Summerresidenz genotzt ginn, éier et tëscht 1923 an 1931 no an no zu enger permanenter Residenz ëmgebaut gouf.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich ass d’Schlass kuerz als Erhuelungsheem fir Kanner benotzt ginn, éier et vun der Dr. Joseph Goebbelsstiftung für Kulturschaffende requiséiert gouf, déi hei ee vun hire “Künstlerheime” ageriicht huet – Residenzen, déi dozou geduecht waren, vum Nazi-Regime ënnerstëtzte Kënschtler opzehuelen. No Krichsenn huet d’groussherzoglech Famill d’Benotzerrecht iwwer d’Propriétéit zeréckkrut.

Vun 1945 un huet d’Grande-Duchesse Charlotte d’Schlass zu hirer Haaptresidenz gemaach, well am Schlass Bierg no der däitscher Besatzungszäit grouss Renovatiounsaarbechten néideg waren. Si ass do bliwwe bis zu hirem Doud.

Allocution du bourgmestre d’Angelsberg Nic Rausch à l’occasion de l’anniversaire de la Souveraine en janvier 1954

Allocution du bourgmestre d’Angelsberg Nic Rausch à l’occasion de l’anniversaire de la Souveraine en janvier 1954

© Pol Aschmann / Photothèque de la Ville de Luxembourg

Aloyse Ahnen fils, le château de Fischbach vers 1949

Aloyse Ahnen fils, le château de Fischbach vers 1949

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Aloyse Ahnen fils

Vun 1987 bis 2000 hunn de Prënz Henri a seng Fra do gelieft. 2002 hu sech de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte op Schlass Fëschbech niddergelooss. 2019 hunn den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie Schlass Fëschbech zu hirer Residenz gemaach.
Le Couple héritier devant le château de Fischbach en février 1996

Le Couple héritier devant le château de Fischbach en février 1996

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Raymond Reuter / Sygma Press

Portrait réalisé à l’occasion des 75 ans de S.A.R. la Grande-Duchesse en octobre 2002

Portrait réalisé à l’occasion des 75 ans de S.A.R. la Grande-Duchesse en octobre 2002

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale

Plantation d’un nouvel arbre dans le parc du château de Fischbach en 2004

Plantation d’un nouvel arbre dans le parc du château de Fischbach en 2004

Collections privées, © Cour grand-ducale

Le Couple héritier et ses enfants devant le château de Fischbach en 1992

Le Couple héritier et ses enfants devant le château de Fischbach en 1992

Collections privées, © Cour grand-ducale