27.10.2025
Visite de Courtoisie an der Bundesrepublik Däitschland
Fir hir zweet Visite de Courtoisie, sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vum Minister Xavier Bettel, dëse Méinden op Berlin gereest.
© SIP / Sophie Margue
Beim Schlass Bellevue, si si vum däitsche Bundespresident, Senger Exzellenz dem Frank-Walter Steinmeier, a senger Fra, der Madamm Elke Büdenbender, mat militäreschen Éieren empfaange ginn.
Déi zwee Staatscheffen hu sech dono fir eng Entrevue, zesumme mam Minister Bettel, gesinn, wou et iwwer d'Stäerke vun den exzellente bilaterale Relatiounen tëscht den zwee Nopeschlänner gaangen ass.
