18.11.2025
Vernissage vun der fënnefter Biennale « De Mains de Maîtres »
Déi fënneft Biennale « De Mains de Maîtres » mécht hir Diere vum 20. bis den 23. November op. Dës Initiativ gouf viru bal 10 Joer vun der groussherzoglecher Koppel an d'Liewe geruff, fir dat éischtklassegt Lëtzebuerger Konschthandwierk international ze valoriséieren.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vum Minister Eric Thill an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, konnten d'Realisatioune vun 105 Artisten entdecken. Ënner hinne sinn 39 Kënschtler aus der Tschechescher Republik déi dëst Joer den Éieregaascht op der Ausstellung ass. Si steet och ënner dem héije Patronage vum tschechesche President, Petr Pavel, deen d'lescht Joer op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg war.
D'Expositioun am 19Liberté zeechent sech duerch de Knowhow vun den Artisten aus, an duerch di vill Techniken a Materialien déi si fir hir Konschtwierker benotzen. An hirer Ried sot d’Grande-Duchesse : « Le thème choisi pour cette édition, « Nature Singulière », résonne avec force dans un monde confronté à des défis climatiques et environnementaux majeurs. Plus que jamais, la nature n’est plus un simple paysage : elle est notre partenaire de vie, notre bien commun le plus précieux et une source d’inspiration infinie. En mettant à l’honneur les créateurs qui savent la contempler, l’interpréter et la sublimer, nous rendons hommage à cette alliance entre l’homme, la matière et le vivant. »
Bannent engem Joerzéngt huet sech « De Mains de Maîtres » zu engem wichtege Rendez-vous fir dat europäescht Konschthandwierk entwéckelt. D'Biennale dréit dozou bäi, fir dës héichwäerteg Beruffer méi bekannt a visibel ze maachen. Si suergt och dofir, datt de Savoir-faire un déi zukünfteg Generatioune weidergeet. Méi ewéi jee setzt de Secteur op Weiderentwécklung an Innovatioun a stellt sech dobäi den Erausfuerderungen, déi d’Erhale vun der Ëmwelt mat sech bréngen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
