29.10.2025
Visite de courtoisie vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse: Holland
Am Kader vun de Visites de Courtoisie, déi am Kontext vum Trounwiessel gemaach ginn, ginn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse e Mëttwoch, den 19. November, zu Den Haag vum Kinnek Willem-Alexander an der Kinnigin Máxima vun Holland empfaangen. Si gi begleet vum Här Xavier Bettel, Vizepremierminister a Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel.
Um Programm stinn en Entretien mat der Kinnekskoppel am Palais Huis ten Bosch. Duerno wäert de Grand-Duc den hollännesche Premierminister Dick Schoof gesinn, ier hien d‘Presidente vum Senat an dem Representantenhaus am Sëtz vun de Generalstaate trefft.
Am Palais Noordeinde geet d‘Visitt mat engem Mëttegiessen tëscht der groussherzoglecher an der kinneklecher Koppel op en Enn.



















