Direkt op den Haaptinhalt

21.11.2025

Bazar international | 2025

E Freidegowend war a Presenz vun der Grande-Duchesse d’Inauguratioun vum traditionelle Bazar International an der LuxExpo.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

De Bazar ass beim Public beléift an ass ee vun de groussen Eventer fir Fonge fir de gudden Zweck ze sammelen. Vill karitativ Projete ronderëm d'Welt gi mat deenen Donen ënnerstëtzt. 60 Länner aus allen Deeler vun der Welt sinn um Bazar vertrueden deen esou fir d’Diversitéit an d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg steet, an dee vum Engagement vu vill Benevolle lieft di do hir kulturell Originne presentéieren. 

D'Grande-Duchesse seet all de Leit häerzlech Merci déi sech wärend dësen dräi chargéierten Deeg fir de gudden Zweck engagéieren.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie