Direkt op den Haaptinhalt

20.10.2025

Visites de courtoisie vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse

Nom Trounwiessel, wäerten de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Här Xavier Bettel, Vizepremierminister a Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, eng Rei vun visites de courtoisie an den Nopeschlänner vum Grand-Duché, sou wéi bei eis Partnerstaate vum Benelux, ënnerhuelen.

D’Zil vun dëse Visitten ass, déi historesch, politesch a kulturell Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a sengen direkten Noperen, am Geescht vun dem géigesäitege Respekt an enger verstäerkter Zesummenaarbecht ze festegen.

Déi groussherzoglech Koppel wäert op hirer éischter Auslandsrees, de 24. Oktober, op Bréissel fueren, wou si offiziell vum Belsche Kinnek an der Belscher Kinnigin empfaange ginn.

Méindes, de 27. Oktober, reesen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse op Berlin, wou si am Schlass Bellevue vum Bundespresident an der Madamm Elke Büdenbender empfaange ginn.

D’Datumer vun deenen anere Visitte ginn zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt.