Direkt op den Haaptinhalt

20.11.2025

Luxembourg Art Week 2025

D'„Luxembourg Art Week“ ass ee vun de wichtegste kulturelle Rendez-vousen um Enn vum Joer. En Donneschden huet d'Grande-Duchesse déi 11. Editioun, zesumme mam Minister Eric Thill, um Glacis besicht.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

No 10 Joer huet dësen Evenement sech zu engem internationalen Zentrum fir zäitgenësseg Konscht entwéckelt. Dëst Joer ginn d'Bedeitung an déi kulturell Diversitéit duerch d'Presenz vu 77 Exposanten aus 15 Länner verdäitlecht. No Bréissel am Joer 2021, presentéiert elo déi kanadesch Stad Montreal dem Public hei zu Lëtzebuerg seng Kulturzeen.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey