Direkt op den Haaptinhalt

11.11.2025

Visitt vum Salon 2025 vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL)

Am Kader vum Mount vun der zäitgenëssescher Konscht, huet d'Grande-Duchesse en Dënschden de Moien den traditionelle Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) besicht.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Public kann hei villsäiteg Wierker entdecken, déi déi neist Tendenzen aus der zäitgenëssescher Konscht, erëmspigelen. Déi verschidden Aarbechte goufe vun engem internationale Jury erausgewielt.

Bei dësem wichtege kulturellen Evenement, huet d'Grande-Duchesse sech beandrockt gewise vun den originellen a couragéierte Wierker, déi een op der Plaz bewonnere kann.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue