22.10.2025
Verdeele vu Molzechten a Mëttegiessen an der Vollekskichen

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hunn e Mëttwoch, begleet vum Minister Max Hahn an der Stater Schäffen Corinne Cahen, Molzechten am Sozialrestaurant "Vollekskichen" verdeelt.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Dës Initiativ vum Comité National de Défense Sociale (CNDS) erméiglecht ville Leit e komplette Menü zu engem abordabele Präis an engem gesellege Kader ze kréien. Donieft favoriséiert si och sozial Relatiounen an d'Integratioun vu Mënschen, déi méi isoléiert liewen oder e geréngt Akommes hunn.
Nieft der Funktioun als Restaurant, bitt d'"Vollekskichen" senge Gäscht awer och sozial Begleedung a Form vu Berodung an Ënnerstëtzung. De sozialen Aspekt betrëfft och d'Personal, dat sech aus fréiere Prisonéier a Jonken, déi riskéieren, kriminell ze ginn, zesummesetzt.
Déi encadréiert Integratioun bitt hinnen eng Méiglechkeet, nees an eng stabil Liewenssituatioun zréckzefannen.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey