Direkt op den Haaptinhalt

11.11.2025

Feierlechkeeten am Kader vum Mäertesdag a Presentatioun vum neie Fändel vun der Arméi um Härebierg

D'Lëtzebuerger Arméi huet op Mäertesdag hire Schutzpatréiner, den Hellege Mäerten, an der Kasär Grand-Duc Jean zu Dikrech gefeiert.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Duerch seng Präsenz huet de Grand-Duc, Kommandant vun der Arméi, dës Zeremonie gewierdegt déi fir d'Eenheet an d'Solidaritéit tëscht dem Militär an de Bierger steet. Bei der Geleeënheet sinn d‘Membere vun der Arméi, déi an de jeeweilege Basisformatioune vun hirer Carrière besonnesch gutt ofgeschnidden hunn, vum Chef d’État-Major fir dës Leeschtung ausgezeechent ginn.

Den Héichpunkt vun de Feierlechkeete war d'Iwwerreeche vum neie Fändel vun der Arméi un de Chef d’État-Major. Op dësem Fändel ass vun elo un de Monogramm vum Grand-Duc Guillaume.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey