Audienz vum Chef d’État-Major vun der Arméi, dem Generol Steve Thull

28.10.2025

En Dënschden de Mëtten huet de Grand-Duc de Chef d’État-Major vun der Arméi, de Generol Steve Thull, empfaangen. Am Gespréich gouf iwwer déi grouss Erausfuerderungen, déi fir d'Arméi ustinn, geschwat. 

Donieft goung et awer och ëm déi multinational Kooperatioun, ënner anerem mat der Belsch, mat där Lëtzebuerg schonn eng staark Kollaboratioun huet.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc