Actualité
Trounwiessel | Déi visuell Identitéit

De Logo, deen aus enger Kroun an dem Text "Trounwiessel" besteet, gouf speziell fir dës Feierlechkeete vun der Lëtzebuerger Agence "granduchy" an Zesummenaarbecht mat der Maison du Grand-Duc entworf. De Logo gëtt, am Kader vum Trounwiessel, op verschidde Supporte benotzt a gëtt, jee no Kontext, an ënnerschiddleche Versioune presentéiert.
D'Campagne "Trounwiessel" gëtt vun enger vereinfachter grafescher Charta begleet, fir deene Leit d'Benotze vum Logo z'erméiglechen, déi dësen am Kader vun enger Aktivitéit am Zesummenhang mam Evenement benotze wëllen. Ier de Logo benotzt däerf ginn, muss awer d'Autorisatioun bei der Maison du Grand-Duc ugefrot ginn.
Dir sidd eng Entreprise a wëllt d’Visuelle vum « TROUNWIESSEL » benotzen ? Mir bieden Iech Är Demande iwwert de Kontaktformular (Service Presse) eranzeginn, deen Dir ënner dësem Link fannt:

3. Oktober 2025



4. Oktober 2025


