Actualité

Discours de Son Altesse Royale le Grand-Duc à la veille de Noël - 2020

24.12.2020

Discours
Discours de Noël 2020
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc

Léif Matbierger,

D’Joer 2020 wor fir eis all eng enorm Erausfuerderung, esou wéi mir se an de leschte Joerzéngten net kannt hunn.

D‘Enn vum Joer verbrénge mir gäre mat Famill a Frënn, Doheem oder op engem feierlech dekoréierte Chrëschtmaart. Dëst Joer ass et méi komplizéiert, wann net onméiglech, an dat wéinst engem Virus, dee mir all ënnerschat hunn, an dee sech zu enger Pandemie entwéckelt huet déi eis Welt op d’Kopp gestallt huet.

D’Regierung huet hir Responsabilitéit direkt iwwerholl. Fir ganz séier kënnen ze reagéieren, huet si am Mäerz den État de Crise fir 3 Méint ausgeruff, fir d’éischt zanter dem Zweete Weltkrich. Dat war eng schwéier Décisioun, mee si ass vun der ganzer Chamber matgedroe ginn.

De Respekt vun den décidéierte Mesuren ass zu engem wichtegen Ament vu Solidaritéit fir eis all ginn, deen eis gewisen huet, datt mir zesummenhalen, wann et drop ukënnt.

Jo, eis Fräiheete sinn zum Deel ageschränkt ginn. Dat op eng Aart a Weis, wéi vill vun eis et nach ni erlieft hunn. Dës Mesurë sinn awer néideg, fir eis Matmënschen an eis selwer ze schützen, a si sinn zäitlech begrenzt.

Doriwwer gëtt weider an der Chamber debattéiert, well et wichteg ass, de richtegen Equiliber tëscht strikten a manner strikte Mesuren ze fannen. Dat ass lieweg Demokratie.

Nach ëmmer siche Fuerscher, Dokteren a Regierungen, wéi een d’Mënschen esou gutt wéi méiglech protegéiere kann. Et gëtt geschwënn e Vaccin. Dee wäert eis erlaben, nees e Liewen ouni Angscht virun dëser Infektioun ze féieren, a lues a lues an d‘Normalitéit zréck ze goen. Dat ass eis Hoffnung an eist Zil !

Mee, mir brauche Gedold !

Léif Matbierger,

Meng éischt Gedanke gëllen deene Mënschen, déi duerch de Covid hiert Liewe verluer hunn, an hire Familljen a Frënn. Et läit der Grande-Duchesse a mir um Häerz, deenen, déi de Verstuerwenen no stoungen, eist déift Matgefill auszedrécken.

A Gedanke si mir och bei deenen, déi momentan ënner de Symptomer vum Virus leiden, respektiv nach ëmmer mat de Suitten ze kämpfen hunn. Hinnen, an all den anere kranke Leit, wënsche mir vill Courage.
Net vergiesse wëlle mir natierlech déi eeler a vulnerabel Persounen, déi dacks eleng Doheem oder am Altersheem sinn.

Eng aner Suerg gëllt de Kanner an de jonke Leit. Fir si ass et eng schwiereg Zäit. Besonnesch wann ee jonk ass, wëll een erausgoen, mat Frënn feieren, oder am Veräin Musek oder Sport maachen. All dat ass scho bal ee Joer laang net, oder nëmme begrenzt, méiglech.

E grousse Merci well ech un d’Enseignante riichten, déi sech och un déi nei Situatioun hu missen upassen, fir ënnert deenen spezielle Konditiounen hire wichtege Beruff auszeüben.

E weidere Gedanke geet un d’Matbierger déi a Quarantän oder Isolatioun sinn. Mir all kennen där Leit, a mir all hu probéiert, hinne bäizestoen.
Dës Crise sanitaire, déi eisen Alldag verännert huet, weist, wéi fragile eis Gesondheet ass, déi physesch an déi psychologesch, a wéi wichteg et ass, dass mir am Gesondheetssecteur gutt opgestallt sinn.

An de leschte Méint hunn ech mat ville Leit aus deem Secteur geschwat : Fraen a Männer déi sech all Dag asetze fir d’Pandemie ze meeschteren. Ech hat de grousse Pleséier, Zeie vun Ärem Asaz ze sinn. Et ass kloer, datt déi aktuell Situatioun extrem schwiereg ass : den alldeeglechen Drock op Iech ass enorm a vill Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, Soignantes a Soignants leeschten eng formidabel Aarbecht.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers qui sont essentiels au bon fonctionnement de notre société, un très grand Merci pour votre dévouement.
Auch unseren deutschsprachigen Mitmenschen möchte ich von ganzem Herzen für ihren beispielhaften Einsatz danken.

Ouni Iech alleguer geet et net !

Léif Leit,

Et ass d’Solidaritéit an eiser Gesellschaft, déi mir am Moment brauchen. Ech sinn impressionéiert iwwer den Zesummenhalt hei am Land, deen elo schonn esou vill Méint unhält.

Eis Wirtschaft konnt um Lafe gehale ginn, wann och am Ralenti a mat vill Perten, besonnesch fir déi méi kleng Betriber.

D‘Secteure vun der Horeca, dem Evenementiel, a vun der Kultur si besonnesch schro betraff. Vill Leit aus dëse Branchen hunn héich finanziell Verloschter gemaach a wëssen net, wéi et soll weidergoen. Dat obschonn d’Regierung Mesurë geholl huet, fir den Entreprisen ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Repercussioune vun der Pandemie op eis Wirtschaft wäerten nach eng Zäit unhalen, dat ëmsou méi, well d’Lëtzebuerger Ekonomie staark vun eisen europäeschen Noperen a vun der Weltwirtschaft ofhänkt. Dofir ass et indispensabel, datt nach méi op europäeschem Niveau zesumme geschafft gëtt.
Am Interêt vun der Allgemengheet ass et wichteg dass mir, an der Europäescher Unioun, eis Efforte mobiliséieren. Ech konnt mech selwer dovun iwwerzeegen, wéi ech d’Direction générale vun der Santé an der Sécurité alimentaire vun der Europäescher Kommissioun op der Cloche d’Or am Oktober besicht hunn.

Äntwerten op déi meescht Froe fënnt een net exklusiv um nationale Plang. Och hei bréngt de blannen Nationalismus keng Äntwerten op d’Défiën. Aus deem Grond ass de Multilateralismus, fir dee Lëtzebuerg sech nach ëmmer staark gemaach huet, fundamental wichteg.

De Klimawandel bleift eng Erausfuerderung fir all d’Länner an Regierungen op der Welt. D’Paräisser Ofkommes muss ëmgesat ginn. Et besteet Urgence. Och zu Lëtzebuerg kréie mir den Impakt vun der Klimakris hautno ze spieren. Hei kann all Eenzele vun eis seng Responsabilitéit iwwerhuelen a probéieren, säi Liewensstil esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten.

Léif Matbierger,

D’Joer 2020 wäert eis sécher nach laang an Erënnerung bleiwen. Fir mech perséinlech war et e ganz symbolescht Joer : Et sinn 20 Joer, datt ech Äre Grand-Duc sinn. Dat sinn 20 Joer wou ech frou an houfreg sinn, am Déngscht vum Land a senge Bierger däerfen ze stoen, an dat mat der Stäip vun der Grande-Duchesse. Ech well Iech alleguer Merci soen, fir déi léif Gléckwënsch a fir Äert Vertrauen.

Och am Palais hunn dëst Joer eng Rei Saachen geännert : Mat der Kreatioun vun der Maison du Grand-Duc gëtt d’Monarchie als Institutioun fir d’Zukunft gestäerkt. Et erlaabt mir, der Grande-Duchesse, an den nächsten Generatioune sech méi op d’Substanz vun eisen Aktivitéiten ze konzentréieren.

Léif Leit Alleguer,

Eng immens grouss Freed fir eis Famill war natierlech d’Gebuert vum Prënz Charles. De Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie sinn zanter dem 10. Mee houfreg Elteren. Ech wënschen dem klenge Charles, sengen Elteren an eis alleguer, datt mir nees geschwënn mat Zouversiicht an d’Zukunft kënne kucken.

Loosse mir eis an dësen Deeg besënnen an eis nei bewosst ginn, wat wierklech zielt : d'Famill, d'Frënn, an ee fir deen aneren do ze sinn.
Jo mir maachen eis Suergen, wa mir ronderëm eis kucken. Mir stellen eis Froen, wéi et soll weider goen. Wichteg ass, datt mir net opginn, datt mir un eis selwer gleewen, an esou eis Zukunft positiv gestalten.

Den Opruff, dee meng Groussmamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, virun engem vill méi trageschen Hannergrond 1942 un d’Populatioun geriicht huet, wéilt ech haut widderhuelen : kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken !

Léif Matbierger,

No all Däischtert, kënnt Liicht.

Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir en neit a bessert Joer 2021.

Traduction en français

Chers concitoyens,

L’année 2020 fut pour nous tous un énorme défi, tel que nous n’en avons pas connu au cours des dernières décennies.

Les périodes de fin d’année sont souvent synonymes de moments chaleureux, que nous partageons en famille ou entre amis, à la maison ou sur un marché de Noël paré de décorations festives. Cette année, tout cela est bien plus compliqué, voire impossible, car un virus, que nous avons tous sous-estimé, s’est développé en pandémie et a ébranlé notre vie quotidienne, nos habitudes.

Le Gouvernement a immédiatement engagé ses responsabilités. Afin de pouvoir réagir rapidement, l’état de crise a été proclamé au mois de mars pour une durée de trois mois, une première depuis la Seconde Guerre Mondiale. Une décision difficile avec des implications lourdes, soutenue par l’ensemble de la Chambre des Députés.

Oui, nos libertés ont été partiellement restreintes. Et ceci d’une manière inédite. Mais ces mesures sont nécessaires afin de protéger nos concitoyens, nos proches et nous-mêmes, et elles sont limitées dans le temps.

Les débats au sein de la Chambre des Députés se poursuivent, car il importe de trouver un juste équilibre entre des mesures strictes et moins strictes. C’est aussi ça la démocratie vécue.

Les scientifiques, les médecins et les gouvernements continuent de déployer leurs efforts à la recherche des meilleurs moyens afin de protéger la population. Entretemps, un vaccin est sur le point d’être disponible, et nous permettra de renouer avec une vie sans peur et de retourner doucement vers la normalité. C’est notre espoir et notre but!

Mais la patience s’impose!

Chers concitoyens,

Mes premières pensées vont vers ceux qui ont perdu la vie à cause du Covid, ainsi qu’à leurs familles et amis. Il importe beaucoup à la Grande-Duchesse et à moi-même, de vous exprimer nos plus sincères condoléances.

Nos pensées vont également vers tous ceux qui souffrent des symptômes du virus, ou qui font toujours face aux séquelles. A vous, ainsi qu’à tous ceux qui sont malades, nous souhaitons courage.

Nous n’oublions pas non plus les personnes âgées ou vulnérables, qui sont souvent seules chez elles ou dans des maisons de retraite ou de soins.

Nous nous soucions également des enfants, des adolescents et des jeunes adultes. C’est une période particulièrement difficile pour eux. Quand on est jeune on a envie de bouger, de sortir avec des amis, d’être actif dans un club de musique ou de sport. Depuis presque un an, tout cela n’est plus possible, ou uniquement de façon limitée.

J’adresse un grand Merci à tous les enseignants, qui ont dû s’adapter à la nouvelle situation afin de pouvoir exercer leur métier essentiel en dépit de conditions très spéciales.

Une autre pensée va à nos concitoyens qui se trouvent actuellement en quarantaine ou en isolation. Chacun de nous connait de telles personnes et nous avons tous essayé de leur prêter assistance.

Cette crise sanitaire, qui a bouleversé notre vie quotidienne, nous montre à quel point notre santé est fragile, tant d’un point de vue physique que psychologique, et à quel point il importe que notre secteur de santé soit basé sur des fondations solides.

Au cours des derniers mois, je me suis entretenu avec de nombreux représentants du secteur médical, des femmes et des hommes, qui s’investissent chaque jour pour combattre la pandémie. J’ai eu le grand plaisir d’être témoin de votre engagement. Nul doute que la situation actuelle est extrêmement difficile : la pression quotidienne qui pèse sur vous est immense et malgré tout, vous, médecins, infirmières et infirmiers, soignantes et soignants, accomplissez un travail formidable.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers essentiels au bon fonctionnement de notre société, un très grand Merci pour votre dévouement.

De même, j’aimerais remercier de tout coeur tous les concitoyens et frontaliers francophones et germanophones pour l’engagement exemplaire.

Chacun de vous joue un rôle important, sans vous nous n’y arriverons pas !

Chers tous,

Dans ces moments, c’est la solidarité de toute une société dont nous avons besoin. Je suis impressionné par la cohésion dans notre pays, une cohésion qui dure depuis tant de mois !

Nous avons réussi à ce que l’économie continue de fonctionner, bien qu’au ralenti et avec des pertes, surtout pour les plus petites entreprises.

Les secteurs de l’Horeca, de l’évènementiel et de la culture ont été particulièrement affectés. Nombreux sont les personnes qui se voient confrontées à des pertes financières considérables et qui ne savent ce que l’avenir leur réserve. Et ceci malgré les mesures prises par le Gouvernement visant à soutenir les entreprises.

Les répercussions de la pandémie sur notre économie risquent de se faire sentir sur le long terme, d’autant plus que l’économie luxembourgeoise est fortement dépendante de nos voisins européens ainsi que de l’économie mondiale.

Dans l’intérêt de tous il est donc indispensable que nous mobilisions nos efforts au sein de l’Union européenne. J’en ai eu un vif témoignage lors de ma visite à la Direction générale de la santé et de la sécurité alimentaire de la Commission européenne à la Cloche d’Or en octobre dernier.

Des réponses à la plupart des questions ne peuvent être trouvées exclusivement sur le plan national et un nationalisme aveugle n’apporte aucune solution aux défis actuels. C’est pourquoi le multilatéralisme, que le Luxembourg a toujours poursuivi avec détermination, revêt une importance fondamentale.

Le changement climatique demeure un défi pour tous les pays et gouvernements de la planète. L’accord de Paris doit être mis en oeuvre. Il y a urgence ! Notre pays n’échappe pas à l’impact de la crise du climat et chacun d’entre nous peut assumer sa responsabilité et essayer d’adopter un mode de vie aussi durable que possible.

Chers compatriotes,

L’année 2020 sera longtemps gravée dans notre mémoire. Pour moi personnellement, ce fut aussi une année très symbolique : cela fait 20 ans que je suis votre Grand-Duc. 20 ans où j’ai été heureux et fier d’avoir le privilège de servir les intérêts du pays et de ses habitants, avec l’appui de la Grande-Duchesse. J’aimerais vous remercier pour vos félicitations et votre confiance.

Cette année a aussi vu un nombre de changements au Palais: avec la création de la Maison du Grand-Duc, la Monarchie est renforcée comme institution et parée pour l’avenir. Ceci me permet, ainsi qu’à la Grande-Duchesse et aux générations futures de se concentrer encore d’avantage sur la substance de nos activités.

Chers tous,

Une énorme joie pour notre famille fut évidemment la naissance du Prince Charles. Le Prince Guillaume et la Princesse Stéphanie sont de fiers parents depuis le 10 mai dernier. Je souhaite au petit Charles, à ses parents ainsi qu’à nous tous, que nous puissions prochainement aborder à nouveau l’avenir avec confiance.

Ces jours de fin d’année me semblent propices à une introspection personnelle de façon à nous rendre compte de ce qui compte vraiment : la famille, les amis et le fait d’être présent - les uns pour les autres.

Oui, nous devenons soucieux en regardant autour de nous. Nous nous interrogeons sur le futur. Ce qui importe c’est de ne pas se résigner, de garder la confiance en soi ainsi qu’un état d’esprit positif pour l’avenir.

J’aimerais aujourd’hui rappeler l’appel que ma grand-mère, la Grande-Duchesse Charlotte, a lancé à la population avec un arrière-fond nettement plus dramatique en 1942 : “Kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken!” (Surtout ne baissons pas la tête en ces temps difficiles !)

Chers compatriotes,

Après l’obscurité vient la lumière !

Ensemble avec la Grande-Duchesse, le Prince Guillaume, la Princesse Stéphanie et tous nos enfants, nous vous souhaitons du fond de coeur de passer de très bonnes fêtes de Noël et une nouvelle et meilleure année 2021.