Journées européennes du patrimoine | De groussherzogleche Palais mécht seng Dieren op
01.10.2026
Am Kader vun de « Journées européennes du patrimoine » maachen de Palais an d'Chamber e Samschdeg, de 17. Oktober 2026, gemeinsam hir Dieren op fir de Public.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Fir d'éischte Kéier kënnen d'Visiteuren déi zwou Institutiounen op engem gemeinsamen Tour entdecken an dobäi unhand vun hire Sammlunge vu Portraite vun de Grand-Ducen a Grande-Duchessë vu e besonneschen Abléck an hir Geschicht kréien.
D'Visitt fänkt an der Chamber un, wou de Public ënner anerem de Plenièressall entdecke kann. Duerno féiert de Rondgang duerch de Verbindungsgank tëscht den zwou Institutiounen an de groussherzogleche Palais, deen zanter 1895 den offiziellen Amtssëtz vum Staatschef ass.
Am Palais féiert den Tour duerch verschidde representativ Raimlechkeeten, dorënner de „Salon des Rois“, de „Salon jaune“, d'„Salle des Fêtes“ an d'Éieregalerie. Unhand vun den offizielle Portraiten, déi laanscht de Parcours ausgestallt sinn, kënnen d'Visiteuren déi verschidden Etappe vun der Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie novollzéien. Besonnesch Opmierksamkeet gëllt dobäi och de Konschtwierker, déi 2025 am Kader vum Trounwiessel vum Grand-Duc Guillaume entstane sinn an d'Kontinuitéit vun der Geschicht bis an déi haiteg Zäit verdäitlechen.
Praktesch Informatiounen
- Samschdeg, de 17. Oktober 2026, vun 10.00 bis 17.00 Auer
- Leschten Entrée: 17.00 Auer.
- Den Entrée ass gratis an eng Umeldung am Viraus ass net néideg. De Rondgang fänkt bei der Haaptentrée vun der Chamber, 19, rue du Marché-aux-Herbes, un an hält am Palais op.
- Bei der Entrée gëtt eng Sécherheetskontroll duerchgefouert. Méi grouss Géigestänn (Prabbelien, Rucksäck asw.) mussen ofgi ginn a ginn um Enn vun der Visitt nees zeréckginn. Well d'Zuel vun de Visiteure begrenzt ass, kann et zu Waardezäite kommen. Wann d‘Visitt bis ugefaangen huet, ass et net méi méiglech, de Wee an déi entgéintgesate Richtung zeréckzegoen.
- D‘Visitt ass och fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech.
De komplette Programm vun de Journées européennes du patrimoine fannt Dir op: journeesdupatrimoine.lu.
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen