30.01.2026
Onéierlecher gi sech als Mataarbechter vun der Maison du Grand-Duc aus
D’Maison du Grand-Duc gouf informéiert, datt eng oder méi onbekannt Persounen sech mat Hëllef vu falschen E-Mail-Adressen a mat falschen Identitéite bei Messenger-Déngschter als Membere vum Direktiounskommitee vun der Maison du Grand-Duc ausginn.
Am Kader vun dësem Identitéitsmëssbrauch ass probéiert gi vun de viséierte Persoune perséinlech Informatiounen ze kréien an si ze täuschen.
Et ass wichteg fir dorobber hin ze weisen, datt E-Maile vu Mataarbechter vun der Maison du Grand-Duc nëmmen echt si wann si mam Domainenumm @gdl.etat.lu ophalen.
Déi zoustänneg Autoritéite goufen informéiert, fir déi néideg Iwwerpréiwungen ze maachen a fir di Demarchen ze ënnerhuelen, di ubruecht sinn. Jiddwer Persoun di am Kader vun dëser Arnaque approchéiert gëtt soll dat direkt der Police grand-ducale mellen.
Als Beispill kann een eng gefälschten E-Mail, déi am Kader vun dëser Arnaque verschéckt gouf, hei roflueden.
