Actualité

COVID-19 : Le soutien continu du Couple grand-ducal aux personnes mobilisées

Och an der véierter Woch vum Confinement sinn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse weiderhi beandrockt vun den ongezielte Mobilisatiounsbeméiunge uechter eis ganz Gesellschaft. Si kontaktéieren déi vill Akteuren, déi um Terrain an de verschiddenste Beräicher aktiv sinn. Et heescht elo net noginn a sech viru mobiliséieren; da wäerte mir geschwënn éischt Hoffnungsschimmer gesinn.

An de Gespréicher, Diskussiounen an Aarbechtssëtzungen informéieren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse sech net nëmmen iwwer déi aktuell Situatioun bei deene Leit, déi an dëser schwéirer sanitärer Kris all Dag fir d’Wuel vun eis All schaffen, si encouragéieren och déi vun der Pandemie betraffe Leit. Domatter gi si an dësen Zäiten zu Botschafter vun engem Gefill vun nationaler Eenheet. Déi schrecklech Epreuve, déi mir an dëse Wochen erliewen, féiert zu enger grousser Solidaritéit, déi eis ganz Gesellschaft déifgräifend verännere wäerd.

Le Couple grand-ducal au Château de Berg
© Maison du Grand-Duc

Version française

En cette quatrième semaine de confinement, LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse continuent de saluer l’effort de mobilisation sans précédent de l’ensemble de notre société en multipliant les contacts avec les acteurs de terrain dans tous les domaines. Cette mobilisation ne doit surtout pas s’affaiblir maintenant afin que les premiers signes d’espoir puissent se concrétiser prochainement.

Dans leurs entretiens, discussions ou réunions de travail, Leurs Altesses Royales tiennent non seulement à s’informer auprès des personnes mobilisées dans cette crise sanitaire, mais expriment également leurs encouragements auprès des personnes touchées par la pandémie. Ils deviennent ainsi les messagers d’un véritable sentiment d’unité nationale : cette terrible épreuve crée un incroyable élan de solidarité qui transformera profondément notre société.