Actualité

Discours de Noël de S.A.R. le Grand-Duc (LU)

24.12.2009

Discours

Léif Letzebuerger, léif Matbierger,

Haut op Chrëschtdag gi mir eis nees bewosst dass geschwënn ërem e Joer zu Enn geet. Fir vill vun eise Matbierger wor 2009 nët einfach.

Wéi virun engem Joer den internationale Finanzsystem an d'Schwanke komm ass, konnt mat deem Schlëmmsten fir d'Wirtschaft gerechent gin. Déi Angscht wor berechtegt.

Eng weltwäit Kris ass ausgebrach an eist Land blouf och nët verschount.

De Chômage as geklommen a vill Mënschen färten em hir Aarbecht. Vill Betriber schaffen ennert hire Kapazitéiten an d'Staatsfinanzen stinn ënner Drock.

Et ass vill iwer des Kris geschriwwen a geschwaat gin. Et gouf awer manner iwer hir Ursaachen nogeduecht. Misste mer eis awer net selwer déi richtég Froe stellen? War eis Gesellschaft net villäicht ze vill vum séiere Profit geblennt? Hu mir nët ebeemol gegleeft dass d'Beem géifen an den Himmel wuessen? Hu mer eigentlech iwerhaapt richteg un d'Zukunft geduecht?

Elo sti mir all virun eiser Verantwortung.

Mir sin oft am Ausland ëm eise soziale Modell beneid gin. Mir kënnen och zu Recht houfreg drop sin. Hie get och net a Fro gestalt. Mee fir en ze erhaalen, musse mer prett sin nach méi no zesummen ze réckelen a nees méi solidaresch mateneen ëmzegoen.

Mir mussen och bereet sin eise wirtschaftleche Modell ze stärken fir eis Kompétitivitéit au'sbauen ze kënnen. Dat geet nët ouni gläichzäiteg eis Konsensfähegkeet ze stäipen.

Et ass nëmmen esou wéi de Sozialmodell weider bestoe kann, dee bis haut d'Markenzeechen vun eisem Land ass.

An der Regierongserklärung vum läschte Juli geet Rieds vun enger inklusiver a partizipativer Gesellschaft. Dat ass en Element waat sëcherlech zu enger méi grousser Kohésioun am Land bäidréit.

Déi Solidaritéit soll allerdengs nët nëmmen hei Heem gëllen. Mer mussen se och no baussen droen.

Eise Planéit ass een. Hien ass nët deelbar. Mir sëtzen all an engem Boot, mir deelen dat selwecht Schicksal.

D'Konferenz vu Kopenhagen huet däitlech gemaach wéi ët ëm eis Ëmwelt steet. Hir grouss Resonanz ass en Opruff, sech verstärkt hire vitalen Erausfuerderungen ze stellen. Mee trotz dem wäite Wee deen ze goen as, gët ët genuch Grënn zouversichtlech ze bleiwen. Waat méi Léit sech der Problematik bewosst gin, waat d'Viraussetzungen besser gin déi richteg Léisungen ze fannen, och fir Lëtzebuerg.

Léif Matbierger,

Vill Leit si veronsëchert wann se un hir Zukunft denken a sech froen waat d'nächst Joer brénge wärt. Eigentlech weess keen ët.

A Momenter vun Onsëcherheet a Besuergnëss musse mir virun allem e klore Kapp behaalen.

Et gët jo och schonn eng Reih méi positiv Noriichten aus der Weltwirtschaft.

De gewaltëge Wee, dee mir als Land an eiser Geschicht gaang sin, de Courage dee mir a ganz schwéieren a batteren Zäiten gewisen hun, sin eigentlech de Beweis vun eiser Fähegkeet zesummen ze haalen a Krisen ze meeschteren.

Dës Lektioun berechtegt mech zu gréisster Hoffnung. Dat ass fir mech e Gronn méi fir trotz enger gedämpfter Stëmmung optimistesch ze bleiwen.

Léif Letzebuerger, léif Matbierger,

Dëst Joer ass den 20. Gebuertsdag vum Fall vun der Berliner Mauer gefeiert gin. Den 9. November 1989 huet Europa nei Wéer opgemaat. Dësen Daag ass och deen, wou dat Onméiglecht méiglech gouf. E staarke Symbol, deen eis eigentlech optimistesch fir d'Zukunft stëmme soll.

Wann ech op dat Joer zeréck kucken, fannen ech dass de Vaclav Havel virun enger Zäit nët zu Onrecht geschriwen huet :

« Il me semble que la chose la plus importante aujourd'hui serait d'adopter une attitude humble à l'égard du monde, de respecter ce qui nous dépasse, de tenir compte du fait qu'il existe des mystères que nous ne comprendrons jamais et qu'il faut assumer notre responsabilité sans la fonder sur la conviction que nous savons tout, en particulier comment tout va finir. Nous ne savons rien. Mais l'espoir, nul ne peut l'ôter. »

Chers concitoyens, Chers amis étrangers,

Nous savons quelle est votre part dans l'édification de notre prospérité commune. Nous avons la ferme volonté, avec tous ceux qui résident ou qui travaillent sur notre territoire, de prendre les mesures nécessaires afin de retrouver ensemble le chemin de la réussite. Nos difficultés actuelles ne nous feront pas dévier de notre tradition : le Luxembourg restera ouvert aux autres, accueillant et tolérant.

Léif Letzebuerger, léif Matbierger,

Un dësem Virowend vu Chreschtdag wëll ech mat der Grande-Duchesse fir d'éischt eis déif Unerkennung un all déi riichten, déi dës Feierdeeg nët am Familjekrees feiere kënnen :

  • eis Zaldoten am Ausland, déi duerch hiren Asatz dem Fridden déngen an zum gudde Ruff vum Land bäidroen ;
  • de Fraen a Männer, déi an dëse Stonnen am Déngscht sin, ob berufflech oder fräiwëlleg ;

Hiren Asatz am Interessi vum Land a vun der Allgemengheet wësse mir ze schätzen. Sie erënneren eis alleguerten drun waat ët heescht fir Aanerer do ze sin, a si gin eis e gudd Beispill vun praktizéierter Solidaritéit. Si verdéngen d'Unerkennung vun eis all.

Ech denken och un all déi, déi an dësem Moment vun Ongléck getraff sin, déi krank oder an Trauer sin. Ech wënschen hinnen déi néideg Kraaft dës Situatioun ze iwerwannen.

D'Chrëschtdeeg sollten eis d'Geleegenheet gin un Aanerer ze denken. Mir hun och d'Zäit fir eis mat Wiesentlechem ofzegin.

Ech giff hoffen dass des Feierdeeg Iech erlaben dat next Joer mat Mutt a Vertrauen virzebereeden, a mir wënschen Iech all, mat ménger Fra, méngem Papp an eise Kanner, e schéine Chrëschtdag an dat Allerbescht am neie Joer.