Actualité

Intervention de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc (version LU)

Intervention dans le cadre de Noël, interview de Son Altesse Royale le Grand-Duc

Le 24 décembre 2015 (version originale)

Mme Zenners: Gudden Owend Monseigneur.

S.A.R. le Grand-Duc: Gudden Owend.

Mme Zenners: Dir hutt dëst Joer och e wéineg eng aner Form gewielt fir Är traditionell Usprooch vum Enn vum Joer. Mir wäerten an dësem Gespréich e wéineg op d’Haaptevenementer vum Joer zréckkucken. Lo war den 13. November een Datum, dee mer all net vergiesse wäerten. Mee doriwwer eraus, wat ware fir Iech e wéineg déi Haaptevenementer, déi d’Joer markéiert hunn?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech muss wierklech zouginn, dass leider déi schwiereg Evenementer wierklech am Vierdergrond woren. Et war kee richteg schéint Joer. Mir haten Terrorismus, mir hate Krich a Syrien an am Irak, an dat huet zu der Onmass vu Flüchtlingen duerch Europa gefouert. Gott sei Dank, hei zu Lëtzebuerg hate mer och méi positiv Evenementer, wéi d’Presidence vun der Europäescher Unioun oder d’Aweiung vum neien Deel vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval an och de Referendum am Juni dëst Joer.

Mme Zenners: Bon, Dir hutt et ugeschwat, et waren eben tragesch Evenementer, et hat schonn ugefaange mat der Attack Charlie Hebdo. Dat war lo eng Attack geziilt géint d’Press geriicht. Wann een elo kuckt, d’Attentater vu Paräis, dat war eppes, do hätt jiddweree vun eis kéinten do sinn, d’Leit ware beonrouegt duerno; et huet een eng gewëssen Angscht vläicht deemno, wou ee reest, ob een nach op Plaze geet, wou vill Leit sinn. Hutt Dir dat och esou erlieft, dass awer e bëssen Angscht, Onsécherheet ënnert de Leit war?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo absolut, ech mengen, mir waren alleguerte schockéiert iwwert d’Evenementer zu Paräis, mee net nëmmen zu Paräis, och an aneren Deeler vun Europa an an der Welt. Mee Paräis natierlech un éischter Stell. Frankräich ass eisen Noper an et si ganz vill Lëtzebuerger, déi op Paräis reesen, fir do verschidde Saache kucken ze goen. Mir fillen eis och ganz no u Frankräich, an dofir huet et eis speziell schockéiert.

Mme Zenners: Lo wëll een awer net, dass eis Kanner e wéineg esou an engem Klima vun Angscht opwuessen, well si kréien dat awer scho mat, si kréien aner Saache mat, Jonker maachen sech vläicht schonn e wéineg Zukunftsängscht, wat d’Aarbechtsplazen an esou ugeet. Wéi kann een hinne vläicht awer e bësse positiv Messagë mat op de Wee ginn, fir datt se och eng positiv Astellung behalen?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, effektiv, mir hu selwer ganz vill an der Famill mat eise Kanner, souguer mat eisen Enkelkanner doriwwer geschwat. Si hunn eis vill Froe gestallt. Mir hunn hinnen och gesot, dass ee muss oppassen, wou een higeet, a wéi een sech comportéiert. Mee ech mengen, et ass awer wichteg, dass mer weiderliewe wéi virdrun, ouni ze vill op den Terrorismus anzegoen. Well am Fong wär et eng Victoire vun den Terroriste soss.

Mme Zenners: Angscht ass och an deem Sënn vläicht kee gudde Ratgeber, wéi een ëmmer seet.

S.A.R. le Grand-Duc: Nee, nee, nee.

Mme Zenners: Lo ass Europa schonn e wéineg an enger Situatioun, wéi mer se laang net haten. Frankräich huet no den Attentater dem IS praktesch de Krich erkläert, och Däitschland wëll sech militäresch engagéieren. Den däitsche Bundespräsident sot no den Attentater, mir wären an enger neier Form vu Krich. Gesitt Dir dat och esou?

S.A.R. le Grand-Duc: Ob et e Krich ass, ech weess et net. Franchement, et ass ganz schwéier ze soen. Wat wouer ass: Mir sinn attackéiert ginn, eis Valeure sinn attackéiert ginn, eis Demokratie, eist Zesummeliewen, also mir mussen eis wieren. An dat ass, ech mengen, de Message, deen d’Europäer all zesumme solidaresch vis-à-vis vu Frankräich och ëmgesat hunn. Ech si ganz frou, dass natierlech Däitschland an England och bei der Koalitioun lo dobäi sinn.

Mme Zenners: Lo war d’zweet Haaptthema vum Joer d’Flüchtlingskatastroph, mir hunn et schonn ugeschwat. Ech, mir hunn all déi Biller am Kapp vun de Leit, déi an iwwerfëlltene Booter iwwert d’Mëttelmier probéieren ze kommen, Kanner, déi erdrénken. Wann ee lo kuckt hei zu Lëtzebuerg, wéi d’Leit opgeholl ginn, mir hu jo och Reportagë gemaach an Heemer, bei Informatiounsversammlungen. D’Leit si bereet ze hëllefen, huet dat och vläicht domadder ze dinn, dass mir traditionell e Land sinn, dat un eng multikulturell Gesellschaft gewinnt ass?

S.A.R. le Grand-Duc: Ech si speziell ganz houfreg op d’Aart a Weis, wéi d’Lëtzebuerger alleguerten déi Flüchtlingen opgeholl hunn. Et ass wierklech extraordinaire, wat se do gemaach hunn, an ech wëll ganz häerzlech och der Regierung, de Gemengen, den Institutioune wéi dem OLAI oder der Croix-Rouge an all deenen Honnerte vu Benevolë Merci soe fir dat, wat se do gemaach hunn. Et ass wouer, dass mer eng Traditioun hunn, fir d’Leit zu Lëtzebuerg ze integréieren. An den nonzeger Joren hate mer schonn déi Kris am Balkan, an deemools hu mer Dausende vu Leit aus Bosnien an dem Kosovo op Lëtzebuerg kritt. Also mir hunn eng Experienz op deem Gebitt, an ech mengen, dofir wäerte mir lo och déi …

Mme Zenners: Déi sech och gutt integréiert hunn.

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, déi Leit hunn sech extrem gutt integréiert. Ech hat virun zwéin Deeg d’Leit vun der KFOR op Besuch zu Kolmer-Bierg, Zaldoten, an dodrënner sinn och Ex-Jugoslawen. Do gesäit een, wéi d’Integratioun sech duerch d’Arméi och extrem gutt gemaach huet.

Mme Zenners: Dir gitt jo och esou Flüchtlingsheemer an esou besichen. Wat zielen d’Leit Iech do, sinn se do vläicht awer e bësse méi zréckhalend am Gespréich mat Iech, oder zielen se do vun hiren Erfarungen?

S.A.R. le Grand-Duc: Guer net, ech muss soen, si kommen op Iech zou an si si fir d’éischt extrem dankbar, dass mir esou vill Efforte gemaach hu fir si. Ech war zesumme mat der Grande-Duchesse, mee de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie sinn och e puer aner Heemer besiche gaangen. Do héiert een all déi Geschichten, déi se matgemaach hunn, an et ass wierklech grausam. Wat se wëllen, natierlech, dat ass emol en Daach ze kréien an eppes z’iesse fir de Moment. Mee si si bereet, fir erëm zréck an hir Heemecht ze goen, wann d’Situatioun sech verbessert, fir d’Land erëm opzebauen. Et sinn der natierlech och dobäi, déi wëllen heibleiwen, an do brauchen se eng Integratioun, déi duerch d’Sprooche geet, an duerch eng Schaff an duerch d’Schoulen. Wat interessant ass, dat ass, ech sinn do op eng Koppel gestouss, déi hu mer gesot, si wären zënter dräi Deeg do. An ech hu gesot: „Mee hutt Dir Kanner?“ Si hu geäntwert: „Jo, mir hunn zwee Kanner.“ Ech hu gesot: „Wéi, wou sinn déi dann?“ „Mee si sinn an der Schoul.“ Also no dräi Deeg zu Lëtzebuerg sinn déi Kanner schonn an der Schoul gewiescht, dat ass formidabel.

Mme Zenners: Déi integréieren sech meeschtens séier, se léieren d’Sprooche séier an esou weider.

Mme Zenners: Bon, d’Lëtzebuerger EU-Presidence hat et an deem Sënn net einfach, et ware ganz schwiereg Dossieren dëst Joer. Et huet ugefaange mat enger Griichenland-Kris, dunn eben de Flüchtlingsdrama, d’Terrorattacken. Wéi eng Echoe krut Dir dann – dat ware jo grouss Dossiere fir e klengt Land –, wéi mer eis do geschloen hunn?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, mir hunn eis an d’Regierung huet sech extrem gutt preparéiert op d’Presidence. A mir kruten effektiv déi Krisen do matzen an der Presidence dran. Dat huet Saachen op d’Kopp gehäit, dat ass ganz kloer, mee mir sinn trotzdem mat de verschiddenen Dossiere virukomm. Ech hat Geleeënheet, fir op Bréissel ze goen, bei d’Kommissioun, an ech krut nëmme Luef iwwert eis Presidence. Ech hunn och eis siechzeg Diplomate begéint, bei der RP, bei der Représentation permanente. Si waren zwar midd, muss ech soen, mee och begeeschtert iwwer déi Aarbecht, déi se gemaach hunn. An ech wëll hinne wierklech e grousse Merci soe fir déi Leeschtung, déi se gemaach hunn.

Mme Zenners: Dobäi gi mer an Europa jo dacks awer e bëssen als schwaarzt Schof ugesinn. Ech denken do un eng Luxleaks-Affär, och dëst Joer koumen ëmmer nees sou Attacke géint eis Finanzplaz. Wéi gitt Dir eigentlech als Chef vun deem Staat domadder ëm?

S.A.R. le Grand-Duc: Ech hunn dat natierlech guer net gär, wann eist Land esou attackéiert gëtt. An et ass net gutt fir den Image vun eisem Land. D’Regierung huet schonn Aktiounen ënnerholl, fir d’Place financière an e bessert Liicht ze kréien. Mee mir musse weider dru schaffen. Mir si vun de groe Lëschten erofgeholl ginn; dat ass schonn extrem gutt. Mee mir hunn esou vill aner Saachen, déi sech positiv am Land entwéckelen, ze weisen, wéi eis Recherche, wéi eis Cooperatioun, wéi eis Universitéit, wéi eis Kultur, wéi eis Wirtschaft insgesamt. Also misst een am Fong méi déi schéi Saachen, déi hei zu Lëtzebuerg passéieren, méi dobausse weisen.

Mme Zenners: Och d’Klimakonferenz vu Paräis ass ënnert Lëtzebuerger Presidence gefall; do ass och elo en Accord fonnt ginn. Et gëtt allgemeng vun de Politiker positiv bewäert, Ëmweltschützer soen, et muss nach vill nokommen. Dir setzt Iech jo och gäre fir den Ëmweltschutz an. Ass déi Gefor vu Klimaschutz, vu Klimaflüchtlingen net mat déi gréisst Erausfuerderung, déi elo op eis duerkënnt, mat der Bekämpfung vun Terror a Krich?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ganz bestëmmt, mee ech muss zwar soen, dass et formidabel ass, dass mir en Accord kritt hunn zu Paräis mat der COP21: 195 Länner zesummenzekréien un engem Dësch an do e Pabeier ze produzéieren, ass wierklech remarquabel. Et ass déi éischte Kéier, dass esou eppes geschitt. Also dat kann ee ganz positiv gesinn. Natierlech, Lëtzebuerg muss och Efforte maachen. Dat ass ganz kloer. Mir hunn der scho gemaach. Wann een duerch d’Land esou fiert, da gesäit een awer déi extraordinaire Bëscher, déi mer hunn, déi Natur, déi mer hunn, an déi „qualité de vie“, déi wierklech unique fir Lëtzebuerg ass. Ech mengen, mir hunn e richtegen Equiliber fonnt zwëschen Economie an Ecologie.

Mme Zenners: Dee mir eis och erhale mussen. En Datum, deen awer och d’Land markéiert huet dëst Joer, ass dee vum 7. Juni, e Referendum, wou d’Lëtzebuerger 3 Froe gestallt kruten, dorënner d’Auslännerwahlrecht. Elo haalt Dir Iech traditionell aus deene politesche Froen eraus, mee e Referendum zu Lëtzebuerg, Dir hutt et virdru schonn ugeschwat, ass jo awer eppes Aussergewéinleches schonn.

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech mengen, mir hunn eng Traditioun vun enger parlamentarescher Demokratie. Dat wëllt soen, dass d’Parlament déi Aarbecht mécht, fir d’Projet-de-Loien an d’Gesetzer ze votéieren. Mee ech mengen, fir verschidden aner Froen a spezifesch Froen ass et awer interessant, dass d’Bevëlkerung och ëm hir Meenung gefrot gëtt. Datt ass am Juni gemaach ginn. Et war natierlech interessant, dat ze gesinn. Ech wëll net iwwer d’Resultat schwätzen. Dat Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg ass extrem wichteg, zwësche Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger. A mir mussen e Wee fannen, fir dat nach ze verbesseren. Mir hu praktesch 50% vun Netlëtzebuerger hei am Land. Also mir mussen déi Integratioun reusséieren.

Mme Zenners: E groussen Deel vun Ärer Aarbecht féiert Iech an d’Ausland. Och dëst Joer waart Dir mat ënnerwee op wirtschaftleche Prospectiounsreesen. Lëtzebuerg probéiert sech weider ze diversifiéieren, net nëmmen op de Finanzsektor ze setzen. Et geet och ëm Wuesstem. Mir probéiere méi op Logistik, nei Technologien ze setzen. Wéi eng Echoe kritt Dir esou op de Prospectiounsreese vum Image vun eisem Land?

S.A.R. le Grand-Duc: Lëtzebuerg ass vläicht net ganz bekannt am Ausland oder a verschiddene Länner zumindest. Mee insgesamt huet d’Land awer e gudde Ruff. Wa mir dobausse sinn, sinn ëmmer nees vill Leit drun interesséiert, wat een zu Lëtzebuerg maache kann. A mir waren déi lescht Zäit relativ efficace am Sënn, dass mir ganz vill nei Betriber op Lëtzebuerg bruecht hunn. Als Economie si mir vun enger Stolindustrie op eng Serviceindustrie eriwwergaange mat enger Place financière. An elo hu mir d’Diversificatioun och gemaach, a wéi Dir elo grad gesot hutt: Logistik, Telekommunikatioun, IT – dat si Beräicher, wou mir wierklech ganz staark sinn. A wann een déck Entreprisen hei huet an deem Beräich, dat zitt och anerer un.

Mme Zenners: E groussen Deel vun deem Räichtum, vun deem Wirtschaftswuesstem gëtt natierlech och vun de Frontalieren erwirtschaft. Si haten et an der Lescht net ëmmer einfach, wann ee kuckt, wéi vill Stauen et gëtt. Et gëtt och ëmmer méi schwéier, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Mee si hunn och trotzdem e grousse Merite dorunner.

S.A.R. le Grand-Duc: Jo absolut, si hunn e grousse Merite. Et ass speziell wouer fir all déi, déi an deene klengen a mëttlere Betriber hei zu Lëtzebuerg schaffen. Do sinn honnerte Betriber, déi wierklech de Kär vun der Wirtschaft och ausmaachen.
J’aimerais en profiter pour remercier tous les non-Luxembourgeois qui travaillent sur notre territoire, pour les remercier de leur contribution qu’ils font à l’économie luxembourgeoise. Je sais que souvent, il leur est difficile de passer à travers le trafic qui est très important sur nos autoroutes. Mais je crois que le gouvernement est en train de faire le maximum pour rendre ces autoroutes plus fluides.

Mme Zenners: Eppes Positives gouf et an deem Sënn an dësem Joer, och wann eise Stroossereseau oft vill iwwerbelaascht ass: d’Ouverture vun der Nordstrooss. Dir kënnt jo selwer dovunner profitéieren. Leeft dat dann elo gutt, fir op Kolmer-Bierg a fir an d’Stad?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech muss soen, d’Ouverture vun der Nordstrooss ass eng Beräicherung och fir déi Leit, déi am Norde wunnen an déi natierlech ganz vill Zäit do gewannen, tëschent dem Norden an der Stad Lëtzebuerg. Fir mech selwer ass et formidabel. Ech brauch manner wéi eng hallef Stonn elo, fir vu Kolmer-Bierg an de Palais ze fueren.

Mme Zenners: Méi wäit gekuckt, Dir sidd och vill am Ausland ënnerwee am Kader vun der Cooperatioun an do hu mir jo nach ëmmer eng Virreiderroll. Mir investéiere méi wéi 1% vun eisem Bruttonationalakommes an d’Entwécklungshëllef. Ass et net grad elo wichteg, an dëse Länner wieder ze hëllefen, ier d’Leit musse fortlafe viru Krich, virun Terror, virun Naturkatastrophen?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech hat Geleeënheet, dëst Fréijoer an de Cap Vert ze goen, an do gesäit een déi extraordinaire positiv Aart a Weis, wéi eis Cooperatioun och an deene Länner gemaach gëtt. Déi betraffe Leit sinn natierlech aarm, mee si sinn och extrem dankbar, dass mer hinnen hëllefen, fir hiert Land ze entwéckelen. Mir hu wierklech formidabel Frënn och dohannen, an et ass wierklech déi richteg Aart a Weis, fir déi Länner ze entwéckelen an och eng Perspektiv fir déi Leit ze bréngen. Ech war och a Mëttelamerika, am El Salvador an Nicaragua, an am Vietnam, an do hu mir déiselwecht Politik. Dat bréngt wierklech eppes Formidabeles fir den Developpement vun deene Länner.

Mme Zenners: Ginn d’Leit do net och iergendwéi e bëssen anescht op Iech duer? Ech ka mech erënneren un d’Visite am Cap Vert. Dir hutt do spontan mat engem Museker ugefaang mat Musizéieren, gëtt dat Iech net och d’Geleeënheet, do vill Freed un Ärer Aarbecht ze hunn, well d’Leit vläicht do méi labber och mat Iech ëmginn?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech muss soen, d’Leit si ganz spontan dohannen. D’Aart a Weis, wéi ech empfaange gi sinn, war extrem léif an déi Spontanitéit hunn ech kënnen e wéineg weidergi bei hinnen.

Mme Zenners: Wann een elo d’Problemer an dëse Länner gesäit, da sinn déi heiheem erëm iergendwéi relativ. An awer gëtt et och Leit, déi finanziell Problemer hunn, moralescher, vläicht gesondheetlecher. Ech denken och un déi Familljen, déi vläicht vun haut op muer duerch déi vill Verkéiersdoudeger, déi mer och dëst Joer erëm haten, auserneegerappt ginn. Wat ass vläicht Äre Message un déi Persounen elo um Enn vum Joer?

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech wëll fir déi Chrëschtdeeg speziell un déi Leit denken, deenen et manner gutt geet, déi Krank, Leit, déi Problemer an der Famill hunn, an all déi Leit, déi trotz allem duerch de soziale Filet falen. Et ass onwahrscheinlech, dass an engem esou räiche Land wéi Lëtzebuerg dat nach passéiere kann. Mir mussen eis do solidaresch weise vis-à-vis vun deene Leit an de Maximum maachen, fir hinnen ze hëllefen. Et ass och wouer, dass mer extrem vill Accidenter op der Strooss hunn, an do musse mer och en Effort maachen, fir dat ze reduzéieren, well wat dat an de Famillje produzéiert, ass wierklech ganz schlëmm.

Mme Zenners: Elo ass Chrëschtdag traditionell e Familljefest. Et huet een och d’Tendenz, vläicht grad an dësen Zäite méi no uneneenzeréckelen, sécher doheem sëtzen ze bleiwen. Wéi verbréngt Är Famill d’Feierdeeg?

S.A.R. le Grand-Duc: Also mir bleiwen doheem a mir wäerten zesumme feieren, well dat ass ëmmer eng ganz flott Saach, fir mat de Kanner an den Enkelkanner zesummen ze sinn.

Mme Zenners: Dir hutt och nach e grousst Fest, wat nach usteet am Januar. Äre Papp, de Grand-Duc Jean, kritt seng 95 Joer. Wéi geet et him?

S.A.R. le Grand-Duc: Et geet him extrem gutt, hien ass extrem monter, hien zeechent och ganz vill, hie lauschtert Musik, hien ass ëmmer beschäftegt mat senge Kanner, Enkelkanner an Neveuen an Niessen, déi hie visitéieren. Et ass ëmmer ganz vill Freed, fir mat him zesummen ze sinn.

Mme Zenners: Mir wënschen Iech jiddefalls schéi Feierdeeg, Ärer ganzer Famill, a wëllen dëst Gespréich also ofschléissen. Merci Monseigneur. Um Enn awer vläicht nach Är Wënsch fir dat neit Joer, fir d’Feierdeeg un d’Leit dobaussen.

S.A.R. le Grand-Duc: Jo, ech wëll Iech alleguerte mat der Grande-Duchesse, mam Grand-Duc Jean, mat eise Kanner e schéine Chrëschtdag wënschen an e gudde Rutsch an dat neit Joer.