02.12.2025
De groussherzogleche Palais ass zanter 130 Joer d‘Aarbechtsplaz vum Staatschef
De groussherzogleche Palais feiert haut e symboleschen Anniversaire: 130 Joer als Aarbechtsplaz vum Staatschef. Den 2. Dezember 1895 war de Grand-Duc Adolphe offiziell a seng nei Büroe geplënnert. Domadder huet deemools en neit Kapitel an der institutioneller Geschicht vu Lëtzebuerg ugefaangen. Zanter hir ass de Palais, deem seng Urspréng bis an dat XVI. Joerhonnert zréck ginn, e feste Bestanddeel vum politeschen a protokollaresche Liewen am Land.
Am Laf vun de Joerzéngten ass de Palais zu der zentraler Plaz ginn, wou di meescht Aktivitéite vum Staatschef stattfannen. Offiziell Audienzen, Aarbechtsreuniounen, Staatsvisitten oder och nach protokollaresch Zeremonië bestëmmen den Alldag. Am Gebai fënnt een och d'Maréchalat, an deem d'Büroe vun der Maison du Grand-Duc ënnerbruecht sinn. Dat ass déi Administratioun, déi de Staatschef bei senge konstitutionellen a representativen Aufgaben ënnerstëtzt. Des Struktur, déi vun der Hofmarschallin geleet gëtt, regroupéiert sämtlech Servicer - Protokoll, Organisatioun vun den offiziellen Aktivitéiten, Logistik - a si garantéiert den harmonesche Fonctionnement vun der Institutioun.
D’Geschicht vum Palais huet och méi mouvementéiert Zäite kannt, besonnesch wärend dem Zweete Weltkrich. Tëschent 1991 an 1995 gouf de Palais moderniséiert, zum enge fir de Patrimoine ze erhalen an zum anere fir datt de Statschef seng Funktioun an engem zäitgeméisse Kader kann ausüben. Bis haut ass de Palais ee vun der stäerkste Symboler vun der Lëtzebuerger Souveränitéit.
Wärend de Summerméint mécht de Palais seng Dieren fir de Public op matt Visite-guidéeën di vum Luxembourg City Tourist Info (LCTO) organiséiert ginn. Dëse Summer hunn iwwer 9.600 Leit bei esou Visitte matgemaach.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Mat dësem 130. Anniversaire confirméiert de groussherzogleche Palais op en Neits seng besonnesch Plaz ënner den Institutioune vum Land. Als Zäitzeie vun der nationaler Geschicht an als Site deen d’Land representéiert verkierpert de Palais weiderhin d’Missioun vum Grand-Duc a verbënnt d‘Monarchie an di Lëtzebuerger Gesellschaft.
D'Residenzen
Zougangsastellungen
Sichen
