Direkt op den Haaptinhalt

17.03.2026

40 Joer Médecins Sans Frontières Luxembourg | « La Grande Expo »

Fir hir 40 Joer humanitären Asaz an Engagement op internationalem Plang proposéiert d’Organisatioun « Médecins Sans Frontières Luxembourg » eng Rei Evenementer mat als Héichpunkt der immersiver Ausstellung « La Grande Expo ».

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Um Dënschdeg huet d'Grande-Duchesse déi Ausstellung am neimënster besicht, déi de Visiteuren di humanitär Missiounen op eng konkreet Manéier méi no bréngt an erklärt.

D'Ekippe vun MSF stellen do verschidden Dispositiffe fir déi um Terrain gebraucht gi fir de ville verschidden Erausfuerderunge gerecht ze ginn, ënner anerem an de Beräicher Migratioun, Zougang zu Drénkwaasser, Disponibilitéit vu Medikamenter, Behandlung vun Ënnerernärung, Krankheeten an Epidemien, sou wéi urgent Operatiounen a medezinësch Agrëffer.

© Maison du Grand-Duc

An engem international besonnesch onstabele Kontext, huet d'Grande-Duchesse den Asaz vun alleguer deene Leit gewürdegt, déi esou all Dag Mënschen an Noutsituatiounen hëllefen, egal wou dat op der Welt ass.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc