Direkt op den Haaptinhalt

27.04.2026

Audienz fir de fréiere President vun der Mongolei

Audienz fir de fréiere President vun der Mongolei

Um Méindeg huet de Grand-Duc de fréiere President vun der Mongolei, Nambaryn Enkhbayar, an Audienz am Palais empfaangen. Hien ass als Spezialbeoptraagte vu S.E. dem President vun der Mongolei fir eng Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.

Bei dëser Entrevue ass et ëm déi aktuell an déi zukünfteg Projete vun der Lëtzebuerger Kooperatioun an der Mongolei gaangen.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc