Direkt op den Haaptinhalt

06.02.2026

Audienz vum Philippe Lazzarini, Generalkommissär vun der UNRWA

Dëse Freideg huet de Grand-Duc de Generalkommissär vum “United Nations Relief and Works Agency for Palestine Refugees in the Near East” (UNRWA) an Audienz empfaangen.

© Maison du Grand-Duc

D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune, déi 1949 gegrënnt gouf, hëlleft palästinensesch Flüchtlingen andeems si wichteg Servicer wéi Educatioun, Gesondheetsversuergung, sozial Hëllef, Mikrofinanzéierung souwéi d’Gestioun vun de Campe sécherstellen.

Dës Aarbechtsvisitt vum Generalkommissär schreift sech an de Kader an, fir déi historesch Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an der UNRWA ze stäerken.

© Maison du Grand-Duc