22.04.2026
Audienz vun enger Delegatioun vun HUSKY Technologies
Dëse Mëttwoch huet de Grand-Duc eng Delegatioun vun HUSKY Technologies am Palais empfaangen, enger Filial vum internationalen Industriegrupp CPGI, deem säi Generaldirekter, David Cote, och mat dobäi war.
© Maison du Grand-Duc
Husky Technologies huet nordamerikanesch Originnen. D’Firma ass spezialiséiert op industriell Anlagen, déi et erlabe fir Plastik a speziell Formen ze sprëtze fir déi industriell Produktioun vu Verpackungen, vu medezineschem Material a vu Stécker fir an d‘Autoen.
Am Kader vun der Entrevue gouf och iwwer d’Entwécklungsperspektive vum Site zu Diddeleng geschwat wou d’Entreprise zanter den 80er Jore present ass, wat hir Verbonnenheet mat Lëtzebuerg weist.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












