Direkt op den Haaptinhalt

19.03.2026

Aweiung vun der neier Produktiounshal vu WAKO

Zu Réiden op der Atert gouf en Donneschdeg eng nei Produktiounshal vun der Firma WAKO ageweit, déi op d'Fabrikatioun vu Fënsteren an Diere spezialiséiert ass. Dëse Projet steet fir eng nei Etapp an der Weiderentwécklung vun der Entreprise a weist hire staarken Engagement fir eng modern a kompetitiv lokal Industrie.

© SIP / Claude Piscitelli

De Grand-Duc an de Minister Lex Delles goufe bei der Visitt am Kader vun der Aweiung vun de Responsabele vun der bal 100 Joer aler Entreprise begleet, déi sech zu Lëtzebuerg an an der Belsch niddergelooss huet.

Wärend der Visitt hunn de Staatschef an de Minister d'Produktiounsunitéit fir PVC-Fënsterrumme gewise kritt déi mat der modernster Technologie ekipéiert ass. An der neier Hal fënnt een donieft eng optimiséiert Zon fir Wueren ze stockéieren, déi et erlaabt fir d'Produktivitéit an d'Kompetitivitéit ze verbesseren.

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli

© SIP / Claude Piscitelli