Direkt op den Haaptinhalt

23.04.2026

D’Grande-Duchesse beim Beneficeconcert « pOpera

D’Grande-Duchesse beim Beneficeconcert « pOpera

Dëse Mëttwoch war an der Philharmonie de Concert « pOpera », eng Community-Oper, inspiréiert vu Romeo a Julia. De Projet huet déi professionell Kënschtler a Participante vun alle Borde vun der Lëtzebuerger Gesellschaft zesummebruecht. Vill vun hinnen hu keng musikalesch Kenntnisser.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse war bei dësem Beneficeconcert dobäi, deen an Zesummenaarbecht mat der Fondation EME organiséiert gouf. Si gouf begleet vum Chamberpresident Claude Wiseler an dem Minister Max Hahn.

De Concert ass als partizipativen Event geduecht, wou de Public invitéiert gouf fir mat den Artisten ze sangen. Dës interaktiv a méisproocheg Performance huet de kulturelle Räichtum an d’Diversitéit vu Lëtzebuerg ervirgehuewen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue