Direkt op den Haaptinhalt

26.02.2026

Konferenz „GovSatCom“ 2026

D’„GovSatCom“ 2026 huet dësen Donneschdeg am European Convention Center um Kierchbierg stattfonnt. D‘Konferenz huet Vertrieder aus der Satellittenindustrie, vun internationalen Institutiounen ewéi d’NATO oder der Europäescher Unioun, souwéi Acteure vum Verdeedegungssecteur zesummebruecht.

© Maison du Grand-Duc

De Grand-Duc huet un der Ouvertureszeremonie niewent der Ministesch Yuriko Backes deelgeholl. Bal 1.900 Persoune ware bei dëser 9. Editioun dobäi, déi am Zeeche vun der Zesummenaarbecht stoung, engem entscheedende Facteur fir den Erfolleg vun de Satellittekommunikatiounen, engem Beräich an deem Lëtzebuerg schonn eng wichteg Roll spillt.

Wärend der Konferenz hunn de Staatschef an d’Ministesch sech mat Vertrieder vun den däitschen, belschen an ukrainesche Ministère fir Verdeedegung ausgetosch.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Duerno, am fréien Nomëtteg, huet de Grand-Duc den Andrius Kubilius, EU-Kommissär fir Verdeedegung a Weltraum empfaangen deen och op der Konferenz present war.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc