Direkt op den Haaptinhalt

29.06.2026

Nationalfeierdag  | « Garden Party » mam Thema Jugend

Nationalfeierdag  | « Garden Party » mam Thema Jugend

D'Jugend, en Thema dat dem Grand-Duc besonnesch um Häerz läit, stoung dëse Méindeg am Mëttelpunkt vun der zweeter « Garden Party » am Schlass zu Bierg.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Bei dëser Geleeënheet huet de Staatschef Jonker invitéiert, déi sech aktiv an den Domäner vun der Educatioun, dem Sport, der Kultur, der Wëssenschaft an dem Veräinsliewen engagéieren. Hien huet hiren Engagement gelueft an hir wichteg Roll ervirgestrach, déi si elo schonn am Liewe vun der Lëtzebuerger Gesellschaft vu muer spillen.

Déi thematesch Approche ass Deel vum neie Konzept vun de Garden Partys nom Trounwiessel. Hiert Zil ass et dës Receptioune méi oppe fir déi Bierger ze maachen, déi bis elo net onbedéngt d'Geleeënheet hate bei esou Evenementer dobäi ze sinn, sou wéi och den Austausch vum Grand-Duc mat der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fërderen.