Direkt op den Haaptinhalt

16.01.2026

Präisiwwerreechung vun der Biennale 2025 « De Mains de Maîtres »

Déi fënneft Biennale « De Mains de Maîtres », di am November 2025 stattfonnt huet, gouf dëse Freideg an der Handwierkerkammer mat der traditioneller Präisiwwerreechung clôturéiert. Domadder ginn de Savoir-faire an d’Exzellenz vum Lëtzebuerger Konschthandwierk ausgezeechent.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Grande-Duchesse, begleet vum Minister Eric Thill, hunn un der Zeremonie deelgeholl an de Laureatinnen 2025 d’Präisser iwwerreecht: d’Letizia Romanini – Präis vum Jury, « Fondation Leir » – fir hir modern Neiinterpretatioun vun der Marqueterie de paille, souwéi d’Sandra Cifani – Präis vum Public « RTL » – fir hir Serie vu Bijouen di sech un de véier Joreszäiten inspiréiert.

Felicitatiounen un d’Laureatinnen an un all d’Participanten, di zum Erfolleg vun der 5. Editioun bäigedroen hunn.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey