Direkt op den Haaptinhalt

15.01.2026

Receptioun am Palais am Kontext vun der kënschtlecher Intelligenz am Finanzsecteur

De Grand-Duc huet gëschter d’Membere vum „Advisory Board on AI in Finance” fir een Owesiessen am Palais empfaangen.

© Maison du Grand-Duc

Dëse Gremium gouf haut an d’Liewe geruff fir de Finanzminister Gilles Roth an de Beräicher strategesch Entwécklung a Benotze vun der kënschtlecher Intelligenz bei Finanzdéngschtleeschtungen ze beroden. An dësem Gremium siegéiere féierend Leit aus der internationaler Finanzbranche, an och Vertrieder aus dem akadeemesche Milieu.

Nei Technologien an di kënschtlech Intelligenz si wichteg Uleies fir de Grand-Duc, deen d’Schafe vun esou enger Plattform begréisst. Si steet fir di kontinuéierlech Efforte vu Lëtzebuerg fir eng innovativ Finanzplaz.