Soler feiert säi 25. Anniversaire

17.09.2026

Soler feiert säi 25. Anniversaire

D’Société Luxembourgeoise des Énergies Renouvelables S.A. (Soler) feiert dëst Joer hire 25. Gebuertsdag. En Donneschdeg war de Grand-Duc fir dësen Anniversaire um Sëtz vun der Entreprise um Cents an der Stad, begleet vum Premierminister Luc Frieden a vun de Ministere Lex Delles a Serge Wilmes.

print_00028.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

print_00022.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

print_00030.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Zeremonie war d’Geleeënheet, fir op e Véierelsjoerhonnert Entwécklung vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg zeréckzekucken an d’Roll vu Soler dobäi ervirzehiewen. Vun de 77 Wandrieder, déi et haut am Land gëtt, ginn 59 vu Soler bedriwwen.

An den Echange goung et och ëm d’Perspektive fir de weideren Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg. Soler wëll seng Produktiounskapazitéite weider ausbauen, fir d’Energietransitioun vum Land ze begleeden an dozou bäizedroen, fir dem ëmmer méi grousse Besoin un erneierbarem Stroum gerecht ze ginn.