Audienz vum neien CEMA, dem Generol Claude Robinet
06.10.2026
Dësen Dënschdeg huet de Grand-Duc den neie Chef d’État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi (CEMA), de Generol Claude Robinet, an Audienz empfaangen. Hien huet den 28. September 2026 d’Nofolleg vum Generol Steve Thull ugetrueden.
© Maison du Grand-Duc
Am Laf vum Gespréich huet de Generol Robinet mam Kommandant vun der Arméi iwwer déi wichtegst Erausfuerderunge geschwat, mat deenen d’Lëtzebuerger Arméi an engem besonnesch komplexe geopolitesche Kontext konfrontéiert ass, grad ewéi iwwer d’Prioritéiten, déi seng Aarbecht un der Spëtzt vum État-Major bestëmme wäerten. Hie wëll dobäi ënner anerem d’Efforte vu sengem Virgänger fir d’Transformatioun an d’Weiderentwécklung vun de Capacitéite vun der Arméi weiderféieren.
Bei dëser Geleeënheet huet de Staatschef och dem Generol Steve Thull säin exemplarescht Engagement an déi geleeschten Déngschter fir d’Arméi a fir d’Land am Laf vu senger militärescher Karriär gewierdegt.
© Maison du Grand-Duc
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











