Direkt op den Haaptinhalt

28.04.2026

Audienz vun den däitschsproochegen Inneministeren

Audienz vun den däitschsproochegen Inneministeren

Dësen Dënschdeg huet de Grand-Duc d’Inneministere vun den däitschsproochege Länner empfaangen, déi vum 27. bis den 28. Abrëll op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg waren, op Invitatioun vum Minister Léon Gloden.

© Maison du Grand-Duc

D’Vertrieder aus Däitschland (Alexander Dobrindt), Éisträich (Gerhard Karner), Lëtzebuerg (Léon Gloden), der Schwäiz (Beat Jans) a Liechtenstein (Hubert Büchel), souwéi den EU-Kommissär (Magnus Brunner), hunn dem Staatschef déi wichtegst aktuell Erausfuerderungen am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet an d’Perspektive fir eng weider Stäerkung vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht presentéiert.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc