Aweiung vun der HOME Expo 2026 an der Semaine nationale du Logement
08.10.2026
Dësen Donneschdeg huet de Grand-Duc an der LuxExpo un der Erëffnungszeremonie vun der « HOME Expo 2026 » an der Semaine nationale du Logement deelgeholl, a Presenz ënner anerem vum Minister Claude Meisch an der Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
© Maison du Grand-Duc
Fir dësen traditionelle Rendez-vous am Hierscht komme bal 200 Aussteller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun zesummen. De Public huet hei d’Méiglechkeet, fir sech ze informéieren a sech mat den Acteuren aus dem Secteur iwwer déi verschidde Méiglechkeeten am Beräich Wunnen auszetauschen, sief et fir ze bauen, ze renovéieren, ze kafen oder ze lounen.
Bei dëser Geleeënheet huet de Staatschef Professioneller aus dem Secteur begéint, fir méi iwwer hir Aktivitéite gewuer ze ginn a fir sech mat hinnen iwwer d’Erausfuerderungen auszetausche mat deenen si konfrontéiert sinn, an engem Kontext, dee fir de Bausecteur an den Immobiliemarché weiderhi schwiereg bleift.
© Maison du Grand-Duc