Direkt op den Haaptinhalt

26.06.2026

Aweiung vun der neier Produktiounslinn bei Cosmolux

Aweiung vun der neier Produktiounslinn bei Cosmolux

Um Freideg war de Grand-Duc, begleet vum Minister Lex Delles, bei Cosmolux, dem Produzent vu Produite fir Kierperfleeg. D'Firma déi zënter 2001 zu Iechternach installéiert ass, ass eng Filial vum däitsche Grupp MAXIM.

© Maison du Grand-Duc

Am Kader vun dëser Visitt ass déi nei Produktiounslinn fir Zahnpasta ageweit ginn. De Staatschef huet Informatiounen zum Prozess vun der Hierstellung kritt a war symbolesch beim Lancement vun dëser neier Linn dobäi. Déi nei Produkter komme bei eng grouss Gamme vun Artikelen dobäi, déi zu Lëtzebuerg fabrizéiert an duerch ganz Europa verkaf ginn, wéi ënner anerem Shampoingen, Crèmen, Duschgel, Lotiounen an Deodoranten.

© Maison du Grand-Duc

De modernen an automatiséierte Standuert zu Iechternach erméiglecht d'Produktioun vu knapp 150 Milliounen Eenheete pro Joer an erfëllt dobäi déi strengst Qualitéitsstandarden.