27.04.2026
Conférence diplomatique 2026 - Receptioun am Palais
Um Méindeg huet de Grand-Duc eng Receptioun zu Éiere vun de Lëtzebuerger Cheffe vun den diplomatesche Missiounen am Ausland offréiert. Dësen traditionelle Rendez-vous gëtt am Kader vun der Conférence diplomatique organiséiert, op déi de Minister Xavier Bettel am Grand-Duché invitéiert huet.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Dëst alljärlecht Treffen ass e privilegéierte Moment bei deem sech d'Diplomaten a Membere vun der Regierung austauschen. Hei hunn si d'Méiglechkeet, wichteg aktuell Dossieren unzeschwätzen, grad ewéi d’Entwécklungen an déi strategesch Orientatioune vun der Lëtzebuerger Aussepolitik an engem internationale Kontext dee bestänneg évoluéiert.












