10.12.2025
Gebuertsdagskaddo fir de Grand-Duc | Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Dëse Mëttwoch huet eng Artistin vun 12 Joer dem Grand-Duc fir säi rezente Gebuertsdag e Bild iwwerreecht, wat si mat vill Talent an Akribie gemoolt huet.
© Maison du Grand-Duc
De Staatschef war vun deem Geste touchéiert an huet der jonker Molerin häerzlech Merci gesot. Si war begleet vun hirer Schwëster an enger Frëndin, déi allen dräi am Kannerduerf liewen.
D’Wuelbefanne vu Kanner, an d’Initiativen déi dat ënnerstëtzen an dorobber hischaffen, si fir di groussherzoglech Koppel ganz wichteg.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












