Visitt am Centre de Formation pour Conducteurs (CFC)
16.09.2026
Zënter 1996 absolvéiere Leit déi hire Führerschäi rezent gemaach hunn eng Formatioun an der Verkéierssécherheet am Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) zu Colmer-Bierg. Och de Grand-Duc hat no sengem Führerschäin un dëser Formatioun deelgeholl.
© Maison du Grand-Duc
Dëse Mëttwoch ass de Staatschef, begleet vun der Ministesch Yuriko Backes, zeréck an den CFC komm, fir am Kader vun de verschiddene Formatiounen d'Participanten an d'Formateuren ze begéinen. Bei dëser Geleeënheet huet de Grand-Duc och selwer hannert dem Steier Plaz geholl, fir verschidde praktesch Übungen ze maachen. Dës Exercice sollen dobäi hëllefen, fir d'Risiken am Stroosseverkéier besser anzeschätzen, op onerwaart Situatioune richteg ze reagéieren a fir déi richteg Reflexer hannerem Steier ze kréien.
Nieft der obligatorescher Formatioun fir nei Chauffere bitt de den CFC haut Formatiounen a Sensibiliséierungsaktioune fir all Kategorie vu Leit am Stroosseverkéier un, och fir Kanner.
Um Enn vu senger Visitt huet de Grand-Duc en einfache Message un all déi nei Chaufferen: « Kommt gutt un a fuert virsiichteg ! »
© Maison du Grand-Duc