04.02.2026
Visitt vun der Firma LuxPET, enger Filial vum amerikanesche Grupp Plastipak
Dëse Mëttwoch huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Lex Delles, d'Entreprise LuxPET AG besicht. Et ass eng Filial vum amerikanesche Grupp Plastipak Inc. deen deemnächst mam Luxembourg-American Business Award ausgezeechent gëtt.
© SIP / Julien Warnand
D'Firma huet sech 1998 zu Lëtzebuerg niddergelooss an ass spezialiséiert op d'Produktioun a Forme vu PET-Fläschen. D'Fabrik zu Käerjeng, als ee vun de gréisste Standuerter vum Grupp an Europa, huet och innovativ Installatioune fir de Recyclage vu Plastik.
Bei der Visitt gouf donieft och iwwer zukünfteg Projete vu LuxPET an déi aktuell Erausfuerderunge vum Secteur geschwat.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












