06.10.2025
Vereedegung vum Här Tim Kesseler an dem Capitaine Pierre Schroeder
Am Kader vun der éischter Reunioun vum Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc ënnert dem neie Règne, huet de Staatschef e Méinden de Moien den Här Tim Kesseler, Beroder vum Grand-Duc, an de Capitaine Pierre Schroeder, Direkter vun der Organisatioun an der Sécherheet an Aide de Camp vum Grand-Duc vereedegt. Den Här Kesseler an de Capitaine Schroeder hunn de Grand-Duc Guillaume schonn déi lescht Joren a senger Funktioun als Ierfgroussherzog begleet.

Här Tim Kesseler, Beroder vum Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc

Capitaine Pierre Schroeder, Direkter fir Organisatioun a Sécherheet an Aide de camp vum Grand-Duc.
© Maison du Grand-Duc
Den Här Kesseler an de Capitaine Schroeder hunn de Grand-Duc Guillaume schonn déi lescht Joren a senger Funktioun als Ierfgroussherzog begleet.
Si trieden domat dem Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc bäi, dee vun der Hofmarschallin, der Madame Sasha Baillie presidéiert gëtt an zu deem och nach den Här Yves Arend, Directeur du Bureau de la Maréchale, gehéiert.
Déi nei Membere si vum Grand-Duc häerzlech felicitéiert ginn.

© Maison du Grand-Duc