Actualité

Akraafttriede vun der iwwerschaffte Verfassung

Fir Lëtzebuerg ass haut, wéinst dem Akraafttriede vun der iwwerschaffte Verfassung, en historeschen Dag. Den Text ass d’Resultat vun enger laangjäreger Aarbecht, fir d’Verfassung un déi aktuell an zukünfteg Entwécklunge vun eiser Gesellschaft unzepassen.

Haut de Moie war eng Zeremonie an der Chamber, bei där de Chamberpresident Fernand Etgen, a Präsens vun den Deputéierten, dem Grand-Duc eng Spezialeditioun vun der Verfassung iwwerreecht huet.

Doriwwer eraus gouf virun der Trap vum Gebai eng Plack devoiléiert, op där dëse besonneschen Datum festgehalen ass.

© Chambre des Députés / Anthony Dehez
© Chambre des Députés / Anthony Dehez