Actualité

Chamberwalen 2023 zu Lëtzebuerg - Audienzen

No de Parlamentswale vum 8. Oktober 2023, huet de Grand-Duc e Méinden de Moien de Xavier Bettel, Premier a Staatsminister, an Audienz empfaangen, deen him de Récktrëtt vun der Regierung agereecht huet.

© Maison du Grand-Duc

De Staatschef huet dono noeneen de Fernand Etgen, President vun der Chamber, an de Christophe Schiltz, President vum Staatsrot empfaangen.

D’Audienze mat de Presidente vun de politesche Parteien, déi am nei-gewielte Parlament vertruede sinn, si grad amgaangen.

© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc