11.02.2026
Audienz vun de Vertrieder vun der Landwirtschaftskummer
An de kommende Deeg wäert de Grand-Duc d’Vertrieder vun de Beruffskummeren empfänken. Dës ëffentlech Institutioune verdeedegen d’Interesse vun de verschiddene wirtschaftlechen a professionelle Secteuren.
Dëse Mëttwoch huet de Staatschef de President vun der Landwirtschaftskummer, de Christian Hahn, souwéi hiren Direkter, de Paul Marceul, empfaangen. Als Vertriedungsorgan vun de Baueren, Wënzer an Horticultureuren zu Lëtzebuerg fërdert d'Landwirtschaftskummer eng dynamesch an nohalteg Landwirtschaft Strategie, déi op enger finanzieller, sozialer an ekologescher Basis berout. Wärend dem Gespréich goufen d'Erausfuerderunge vun dëse Secteuren ugeschwat.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












