Direkt op den Haaptinhalt

04.02.2026

Iwwerreechung vun Diplomer, Certificaten a vun der Promotioun vun der Aarbecht | Promotioun 2025

E Mëttwoch den Owend huet de Grand-Duc, zesumme mat de Ministere Claude Meisch a Marc Spautz, 240 Laureaten am Kader vun der Zeremonie vun der Iwwerreechung vun Diplomer, Certificaten a vun der Promotioun vun der Aarbecht geéiert. Dorënner hunn sech 55 duerch hir exzellent Resultater besonnesch ervirgedoen. Am Ganze goufe 446 Laureate vum Staatschef an de Ministere fir hiren Erfolleg gewierdegt.

© Chambre de Commerce / Blitz

Am Joer 2025 goufen 1.281 Beruffsausbildungsverträg ënnerschriwwen : dovunner profitéieren déi jonk Leit op der Sich no praktescher Erfarung, ewéi och Entreprisen op der Sich no motivéierte Talenter gläichermoossen.