Audienz vun der Handelskammer
13.02.2026
No der Audienz mat der Landwirtschaftskammer huet de Grand-Duc sech dëse Mëttwoch mam President vun der Handelskammer, dem Fernand Ernster, a mat der hirem Direkter, dem Carlo Thelen, ënnerhalen.
© Maison du Grand-Duc
D’Institutioun spillt eng wichteg Roll bei der Verdeedegung vun den Interesse vun den Entreprisen a vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Bei de Gespréicher goung et ënner anerem ëm d’Kompetitivitéit an d’Attraktivitéit vum Land an engem internationale Kontext, dee vill Erausfuerderunge mat sech bréngt.
© Maison du Grand-Duc
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











