03.03.2026
Ouvertureszeremonie vum « EIB Group Forum 2026 »
Dësen Dënschdeg huet den « EIB Group Forum 2026 » ugefaangen, den Evenement vun der Europäescher Investitiounsbank (BEI), deen all Joer zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt.
© Maison du Grand-Duc
D‘Evenement bréngt d'Vertrieder vun den europäeschen Institutiounen, Regierungen, der Wirtschafts-, sou wéi der Finanzwelt, an der Zivilgesellschaft zesummen. Gemeinsam hunn déi verschidden Acteure sech iwwer d'Prioritéite vun den Investissementer an iwwer déi gréisst ekonomesch a geopolitesch Erausfuerderunge vun Europa ausgetosch.
De Grand-Duc huet, begleet vum Minister Xavier Bettel an der Presidentin vun der BEI, Nadia Calviño, un der Ouvertureszeremonie deelgeholl. Bei der Ouverture vum « EIB Forum Group 2026 », huet de Staatschef eng Ried zum Thema « A strong Europe in a changing world » gehalen.












