11.02.2026
Audienz vun de Vertrieder vun der Landwirtschaftskammer
An den nächsten Deeg wäert de Grand-Duc d’Vertrieder vun de Beruffskummeren empfänken. Dës ëffentlech Institutioune vertrieden d’Interesse vun de verschiddene wirtschaftlechen a professionelle Secteuren.
Dëse Mëttwoch huet de Staatschef de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, souwéi hiren Direkter, de Paul Marceul, empfaangen. Als Vertriedungsorgan vun de Baueren, Wënzer an Horticultureuren zu Lëtzebuerg fërdert d'Landwirtschaftskammer eng dynamesch an nohalteg Landwirtschaft Strategie an, déi op finanzieller, sozialer an ekologescher Basis gebaut ass. Wärend dem Gespréich goufen d'Erausfuerderunge vun dëse Secteuren ugeschwat.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












