18.02.2026
Audienz vun der Salariatskammer
Fir seng lescht Audienz mat de Beruffschamberen huet de Grand-Duc d’Presidentin vun der Salariatskammer, Nora Back, souwéi hiren Direkter, de Sylvain Hoffmann, empfaangen.
© Maison du Grand-Duc
Si hunn dem Staatschef d’Erausfuerderungen an d’Prioritéiten, déi mat der Verdeedegung vun den Interesse vun hire Memberen zesummenhänken, virgestallt. D'Chambre des Salariés vertrëtt zu Lëtzebuerg d'Salariéë, d'Léierjongen a -meedercher, d'Leit déi op der Sich no enger Schaff sinn an d'Pensionären aus dem Privatsecteur, ob se hei wunnen oder Frontalier sinn.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












