20.10.2025
Audienze mat de Presidente vun de politesche Gruppen a Sensibilitéiten aus der Chamber: CSV

Dës Woch ginn déi institutionell Audienze vum Grand-Duc weider mat de Presidente vun de politesche Gruppen a Sensibilitéiten. Dëse Méindeg huet de Grand-Duc de Marc Spautz, President vun der politescher Fraktioun "Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei" (CSV) aus der Chamber, empfaangen.
D'Presidente vun den anere Fraktiounen a Sensibilitéite ginn an den nächsten Deeg empfaangen.

© Maison du Grand-Duc
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen